Den Ursprong vum Domaine 64, ass d´Grënnung 2021 vun enger solidarescher Landwirtschaft. Heifir deele mir een Deel vun eisen Wéngerten a 64 Undeeler ob, dëst a Form vun engem Schachbriet. Bei dëser SOLAWI kennen sech eis Memberen eng eegen Nummer vum Schachbriet eraus sichen an esou un dem Bio Wäibau Projet participéieren.
“Sozialen an Nohaltege Wäibau” ass de Motto vun dëser solidarescher Landwirtschaft, dee mat der Hëllefsorganisatioun CARITAS Lëtzebuerg realiséiert gëtt.
Och an dësen Wéngerten kommen déi bretonescht Zwergschof, vir d´Beweedung an den Asatz, an halen Vegetatioun ënnert den Drauwestäck kleng. Des klengste Schofsrasse vun Europa ass ideal fir den Asatz an den Wéngerten, well se weder un d’Gehëlz nach un d’Drauwe friesse ginn. Sie ginn iwwert Joer ëmmer rëm a kuerzen Intervallen an d’ Wéngerten gelooss. Duerch den Asaz vun de Schof kann d’CO2 Bilanz am Bio Wäibau méi kleng gehale ginn.
Dëse Pilotprojet gëtt ënnerstëtzt vun der ANF (Administration de la nature et des forêts) an der Biologescher Station SIAS (Syndicat intercommunal à vocation multiple).
An Punkto Berodung vum biologeschem Wäibau steet eis den Dr. Jörg Pauly (Vintner, BSc. org. agri.) vun der IBLA (Institut fir biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg), esou wéi den Max&Ben Duhr vum Domaine Mme Aly Duhr & Fils vun Ohn zur Séit. Sie berooden eis vir alles ronderëm den nohaltegen biologesche Wäibau, sou wei déi richteg Bewirtschaftung an de Wéngerten.
Des Fläschen sinn duerch nummeréiert no Parzellen Nummeren. Bei engem gudden Joer mat vill Recolte kréit jidderee méi Wäin a bei engem schlechte Joer dréit jiddereen ee klengen Deel mat.
Déi eenzel Parzellen an den Wéngerten ginn mat Schëlder gekennzeechent, vir datt all Member sech mat sengem klengen Wéngert identifizéieren kann.
Fir d’ Wäiliese gëtt zudeem nach een Event organiséiert, wou all Member Frënn a Famill matbrénge kann, fir ee schéinen Dag mat Iessen a Gedrénks an den Wéngerten zu Rëmerschen ze verbréngen.
Ausserdeem gesinn mir eis puer mol am Joer, fir zesummen ze kucken wou mir mat den Aarbechten an den Wéngerten an am Keller drun sinn.
+/- 2 Këschten
+/- 2 Këschten
+/- 3 Këschten
+/- 1 Këscht
+/- 1 Këscht
+/- 1 Këscht
Wann Dir un dësem Projet op Domaine 64 interesséiert sidd, fëllt einfach de Formulaire hei ënnen aus fir unzefänken. Eis Equipe äntwert ouni Retard.