Heifir deele mir een Deel vun eisen Wéngerten a 64 Undeeler ob, dëst a Form vun engem Schachbriet.
Bei dem Projet kann een sech seng eegen Nummer vum Schachbriet eraus sichen an esou un dem neie Bio Wäibau Projet participéieren.
Dësen Projet fënnt an Zesummenaarbecht mat der ANF, SIAS, IVV an der IBLA statt. Mat am Asaz sinn zudeem Ouessantschof, déi vir d’Bewirtschaftung vun de Wéngerten agesat ginn.
Ziel vum Projet: Nohalteg Bewirtschaftung an sozialen biologeschen Wäibau.
Domaine 64 ASBL huet zu Rëmerschen an zu Schwéidsbeng Wéngerten gepacht:
Des klengste Schofsrasse vun Europa ass ideal fir den Asaz an den Wéngerten, well se weder un d’Gehëlz nach un d’Drauwe friesse ginn. Sie ginn iwwert Joer ëmmer rëm a kuerzen Intervallen an d’ Wéngerten gelooss. Duerch den Asaz vun de Schof kann d’CO2 Bilanz am Bio Wäibau méi kleng gehale ginn. Dëse Pilotprojet gëtt begleet vun der ANF (Administration de la nature et des forêts), der Biologescher Statioun SIAS (Syndicat intercommunal à vocation multiple) an dem IVV (Institut viti-vinicole).
An Punkto Berodung vum biologeschem Wäibau steet eis den Dr. Jörg Pauly (Vintner, BSc. org. agri.) vun der IBLA (Institut fir biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Lëtzebuerg) zur Séit. Hien ass zoustänneg bei der IBLA vir alles ronderëm den nohaltegen biologesche Wäibau, sou wei déi richteg Bewirtschaftung an de Wéngerten.
D’ Caritas huet scho vill erfollegräich Projete gefouert, mam Zil vir Leit mat sozial schwaachen Hannergrond, iwwert dëse Wee eng nei Beschäftegung ze ginn an se erëm ze integréieren. Nieft Projeten am Gaardebau, soll lo iwwert dëse Wee den neie Projet vum „Soziale Wäibau“ lancéiert ginn.
D’Leit vun der CARITAS Lëtzebuerg sinn zoustänneg fir d’Aarbechten an de Wéngerten, z.B. vir d’Riewen am Fréijoer ze schneiden, vir d’Fleeg vun den Drauwestäck am Summer oder vir d’Wäiliesen am Hierscht.
Hëllefsorganisatioun CARITAS Lëtzebuerg
29, rue Michel Welter L-2730 Luxembourg
www.caritas.lu
[email protected]
Mir striewen, mat enger solidarescher an nohalteger Landwirtschaft, d’ Produktioun vun héichwäertegen Bio-Qualitéitswäin un.
Des Fläsche sinn duerch nummeréiert no Parzellen Nummeren.
Bei engem gudden Joer mat vill Recolte kréit jidderee méi Wäin a bei engem schlechte Joer dréit jiddereen ee klengen Deel mat.
Déi eenzel Parzellen an den Wéngerten ginn mat Schëlder gekennzeechent, vir datt all Member sech mat sengem klengen Wéngert identifizéieren kann.
Fir d’ Wäiliese gëtt zudeem nach een Event organiséiert, wou all Member Frënn a Famill matbrénge kann, fir ee schéinen Dag mat Iessen a Gedrénks an den Wéngerten zu Rëmerschen ze verbréngen. Ausserdeem gesinn mir eis puer mol am Joer, fir zesummen ze kucken wou mir an mat den Aarbechten an den Wéngerten an am Keller drun sinn.