Mäi Wéngert. Mäi Wäin.

Dëst ass de Prinzip fir d'Grënnung vum Domaine 64.

Domaine 64 ass 2021 gegrënnt gi, aus enger Idee erau säin eegenen Wäin ze produzéieren. Regionalitéit an Nohaltegkeet soll och hei grouss geschriwen gin. "Jonk, innovative a sozial engagéiert", sou stellt sech den BIO- Betrib fier. Eng ronn 2 Hectar Wéngerten gin am Raum Schengen bewirtschaft, mam Zil BIO Wäiner ze produzéieren déi Spaass machen.

2021

Domaine 64 Wéngerten

Presentatioun Video

Nohalteg an sozialen biologeschen Wäibau

Domaine 64 gouf 2021 gegrënnt als eng solidaresch Landwirtschaft.

 

Symbolesch fir dësen Projet gouf en Deel vun eise Wéngerten a 64 Stécker opgedeelt, déi wéi op engem Schachbriet arrangéiert an opgedeelt sinn. Mat dëser Idee Wéngerten opzedeelen ass den Numm vum Projet "Domaine 64" entstanen. Eis Wäin Etikette spigelt Geschicht vun Domaine 64 duer. Als Member vum Projet lounen ee symbolesch "een eegent Stéck Wéngert" a krit dofir "säin Wäin" um Enn vun der Recolte!

 

"Sozial an nohalteg Wäibau" ass de Motto vun dëser solidarescher Landwirtschaft, déi an Zesummenaarbecht mat der Hëllefsorganisatioun CARITAS Lëtzebuerg realiséiert gëtt. Gitt Member a sidd Deel vum dësem Projet: Domaine 64!

Mir hun Freet wat mir maachen a mir deelen gären eis Leidenschaft 

SHOP

Domaine 64 steet fir nohalteg a sozialen Wäibau. Déi ökologesche Bewirtschaftungvun eisen Wéngerten ass eis Leidenschaft, déi sech am Geschmaach vun eise Wäiner erëm fënnt.

Newsletter

Abonnéiert Iech fir eis lescht News
Login
Aschreiwen

Sidd Dir iwwer 18?

Andeems Dir op "Jo ech sinn" klickt, bestätegt Dir datt Dir am legale Drénkalter an Ärem Land sidd.

De Verkaf an de Kaf vun Alkohol ass strikt limitéiert op Individuen déi am legalen Drénkalter sinn. Wann Dir net vum legale Drénkalter sidd, klickt w.e.g. op "Nee ech sinn net".